D'Security-Firmen, déi ënner anerem op der Gare an zu Bouneweg an den Asaz koumen, hu sech mat hiren Interventiounen net u virgesinnen Aktivitéite gehalen.

Deemno wieren zum Beipsill Leit vu privaten Terrainen, respektiv Plazen, déi fir de Public allgemeng accessibel sinn, vun de private Security-Leit "evakuéiert" ginn.

Dat dierft net sinn, duerfir kruten d'Gardiennage-Firme vum Justizministère e Rappel à la loi gemaach a krute matgedeelt, datt wa sech net un den Agrement gehale gëtt, dëse souguer kann entzunn ginn.

Dat seet d'Justizministesch Sam Tanson, nodeems hir Zerwisser d'Kontrakter an d'Dokumentatioun vum Asaz vun de Sécherheetsagenten ënnert d'Lupp geholl hunn.

Och de Kontrakt, deen d'Stater Gemeng mat enger Gardiennage-Firma bis Mëtt November ofgeschloss huet, géif genee suivéiert ginn. Allemol dierft et der grénger Ministesch no net esou sinn, datt d'ëffentlech Sécherheet privatiséiert gëtt. Den Asaz vun de Sécherheetsagenten gëtt vu Regierungssäit  an der Stater Oppositioun kritesch gesinn. Déi Lénk hunn an deem Kontext viru Kuerzem e Recours um Verwaltungsgeriicht gemaach géint de Stater Schäfferot a géint Decisioune vum Inneministère.
Dat äntwert d'Sam Tanson op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierten Marc Goergen.