Eng kleng Kummer iwwert engem Café. Dacks alt e bësse méi abordabel, ewéi eng ganz Wunneng ze lounen.

Kaffiszëmmeren/Pierre Jans

Ëmmer nees sinn déi sougenannt Kaffiszëmmeren hei am Land an der Diskussioun. Eng RTL-Ekipp war d'lescht Woch opmierksam gemaach ginn op esou Kummeren iwwer engem fréiere Restaurant zu Ëlwen, déi de verschäerfte Critèren net gerecht géife ginn. Am Norde ginn et an tëscht vill där Zëmmeren. Se gi gebraucht, soen déi Gemengeresponsabel an déi aus dem soziale Beräich, mä da musse se och an der Rei sinn.

Holze Biedem a Maueren. Eng Steckdous, déi um Buedem trëllt, Kabelen, déi oppe leien. Soss ass et eigentlech propper, wéi een op de Biller gesäit, déi en RTL-Kameramann an de bewunnte Raim iwwer engem fréiere Restaurant zu Ëlwen gedréint huet. D'Kummere si wuel relativ grouss. Eng huet awer net emol eng Fënster.

Hei muss ee keen Expert sinn. Dës Kaffiszëmmeren erfëllen déi minimal Critèrë fir Sécherheet an Hygiène aus dem relativ neie Reglement vun 2019 net.

Konkret geet de Buergermeeschter vun Ëlwen net op dëse Fall an. Hie weess awer vun Zëmmeren an der Gemeng, déi d'Standarden net erfëllen.

Den Edy Mertens:"Zëmmeren, déi keng Zëmmere waren, wou Mënschen net wierdeg dra liewen. Där Saach gi mir elo op de Fong. Mir waarden op de Rapport an da kucke mir, wat mir ënnerhuelen."

Eng 19 Gemengen am Norden hunn nämlech elo eng Hëllef. De Sozialzenter Resonord mat Sëtz zu Housen an dee vum Réidener Kanton hu sech zesummegedoen, fir den Inventar ze maachen, wéi de President vum Sozialbüro Réidener Kanton Raoul Schaaf erkläert:

"Wou sinn déi Plazen, wou esou Zëmmeren ugebuede ginn? Da kucke mir, wat d'Qualitéit dovun ass. Mir kucken och, wat een a Saache Sécherheet misst verbesseren. Wann alles gutt an nach besser ass, vergi mir e Label. Duerno erstelle mir eng Broschür mat de gudde Proprietären."

Dem Raoul Schaaf si 50 Kaffiszëmmeren am Réidener Kanton bekannt. An 150 an den 9 Gemenge vum Resonord.

Déi systematesch Kontrolle sinn opwenneg, och Police a CGDIS sinn involvéiert. Ma se géife sech lounen, betount de Raoul Schaaf:

"Fir e Beispill ze ginn: mir waren op enger Plaz, wou mir eng ganz Partie Defiziter bei der Sécherheet fonnt hunn. Mir haten dunn eng Lëscht opgestallt, wat alles misst geännert ginn. Zwee Méint duerno hu mir gemierkt, dass 90 Prozent schonn an der Rei war."

Dat klappt sécher net ëmmer esou gutt. D'Reglement vun 2019 hëlt dofir d'Proprietären, déi där Zëmmere verlounen, méi staark an d'Responsabilitéit. Wie keng Raim huet, déi konform sinn, an all Effort refuséiert, muss d'Locatairen op eege Fauscht an op eege Käschte relogéieren, an dat wärend dräi Méint.

D'Schwieregkeet ass de Spagat tëscht strenge Reegelen a genuch Offer. Duerch déi exzessiv Präisser vum Logement gi Kaffiszëmmeren dréngend gebraucht, weess och de Vizepresident vu Resonord Frank Dimmer:

"All d'Kaffiszëmmeren si beluecht. Ech soen ëmmer vläicht bëssen provokativ, dass mir vill méi Leit op der Strooss hätten, wa mir déi Zëmmeren net hätten. Mir brauche se."

Dofir geet et beim Projet mam Label drëms, d'Kaffiszëmmeren an d'Rei ze kréien.

"Et geet drëms, dass eis Leit eng gutt, sécherlech eng einfach a bescheiden, mee eng gutt Wunnqualitéit hunn."

Beim Sozialbüro Resonord schafft och eng sougenannt Wunncoach. D'Fra intervenéiert a méi schwierege Fäll a vermëttelt tëscht Locatairen a Proprietären.

D'Wunnen ass antëscht och dee Sujet, mat deem d'Mataarbechter vum Resonord am meeschten ze dinn hunn. Am Joer 2019 waren et net grad 500 Dossieren.