Et war e Mëttwoch déi lescht Kéier, datt d'Caritas hir Sozialalmanach an där gewinnter Form publizéiert huet.

Ewell zanter 15 Joer weist de Rapport op Mëssstänn an der Gesellschaft hin a kënnt am Virfeld vun der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premierminister eraus. D'Ried vum leschte Joer gëtt dora kommentéiert, et gëtt op Inegalitéiten higewisen a Solutioune ginn opgezeechent.

Déi ronn 300 Säite staark Oplag dréint sech dëst Joer ëm d'Thema "Wéi ee Lëtzebuerg fir muer? Raus aus der Kris - mee wouhinner?" D'Bevëlkerung wëll d'Pandemie sou séier wéi méiglech hannert sech bréngen, ma d'Folgen an der Gesellschaft wäerten nach eng Zäit laang spierbar bleiwen. An dat besonnesch staark bei Leit, déi manner Geld hunn.

Ëm de Contenu vun der Sozialalmanach huet sech an deene leschte Joren de Robert Urbé vun der Caritas gekëmmert. Hien erkläert, mat wéi engem Hannergedanken de Schwéierpunkt dëst Joer gewielt gouf: "Wéi komme mer aus der Kris hei eraus? Net an der Fro, wat musse mer maachen, fir aus der Kris erauszekommen. Mee, wéi si mer drun, wa mer aus der Kris hei erauskommen? Oder anescht gefrot, wéi ee Lëtzebuerg vu muer hätte mer gären? Wéi eent stelle mer eis vir? A wat musse mer dann dofir maachen? Et gëtt prominent Leit, déi hu gesot: Wann di Kris bis eriwwer ass, da maache mer weider wéi virdrun. Perséinlech, an och als Caritas mengen ech, misste mir de Credo hunn, ze soen: Op kee Fall!"

Et wier an Zukunft méi eng grouss Solidaritéit a méi en déift Matgefill an der Gesellschaft néideg. Problemer ginn et der vill, wéi d'lescht Joer mam Ariichte vun enger Extra-Hotline vun der Caritas festzestellen war. Ronn 500 Uriff sinn hei erakomm. Eng 860 Leit ware betraff, dovunner 300 Kanner.

D'Presidentin vun der Caritas, d'Marie Josée Jacobs, ënnersträicht, wat heefeg eng Suerg war: "Datt vill Leit, déi de Chômage kritt hunn an domat manner Geld, aus Angscht, hiert Logement ze verléieren, alles gemaach hunn, fir hire Loyer ze bezuelen, an haten dann net méi genuch, fir ze liewen, a bei anere war et den ëmgekéierte Wee. Déi haten net méi genuch Suen, fir de Loyer ze bezuelen."

Awer net nëmme wärend der Pandemie, mee generell si vun Aarmut besonnesch heefeg Famille mat Kanner oder Elengerzéiend betraff: "An dofir proposéieren a fuerdere mir och, dass d'Desindexéierung wéi 2016 vun der Regierung versprach gouf, opgehuewe gëtt. De Marc Spautz hat do eng Proposition de loi gemaach mat dëser Upassung an zousätzlech sozial gestaffelt Kannergeld fir kannerräich Famille gefuerdert, wat mir selbstverständlech och esou gesinn."

Ëm d'Kanner a Jugendlech géing sech d'Caritas besonnesch Suerge maachen. D'Pandemie hätt hinne vill ewech geholl, an den Homeschooling wier net bei jidderengem a gudde Konditioune méiglech gewiescht. Vill Kanner hätten den Uschloss verpasst. Dofir soll elo mat all eenzel Kand wat Problemer huet e Bilan gemaach ginn, sou datt et, falls néideg, Hëllef kritt.

Am Rapport ginn awer vill weider Sujeten ugeschwat, déi vu Léieren aus der Pandemie zéien, iwwer Liwwerkette bis hin zum Teletravail reechen. Wann de Robert Urbé awer misst zesummefaassen, wat elo wichteg ass, seet hie Folgendes: "Dir wësst, datt säit Joerzéngten ëmmer erëm de Mantra koum, de Staat, dee kann näischt, deen ass ze deier. Mer mussen der Wirtschaft d'Feld iwwerloossen. Déi maachen dat da richteg. A mer hu gesinn, soubal wéi gréisser Problemer koumen, huet jiddereen nom Staat geruff. Dat war schonn 2008 an der Finanzkris esou. Et ass nu mol esou, datt de Staat awer esou Saache reegele kann, an d'Wirtschaft kann et net, offensichtlech. Dofir muss awer dann de Staat déi néideg Mëttele kréien, dat heescht, da si mer och bei sou Froen wéi, wéi soll eng Steierreform ausgesinn."

Duerch eng Steierreform soll Staat dat néidegt Geld hunn, fir sengen Aufgabe gerecht ze ginn. Dofir missten d'Steieren awer op eng méi gerecht Aart a Weis verdeelt ginn, wéi dat bis elo de Fall ass.

Mam leschte Rapport war dann awer och d'Zäit fir e Réckbléck an d'Fro, wat da 15 Joer Sozialalmanach bruecht huet.

De Robert Urbé: "Mir hu schonn an eenzele Beräicher, net ëmmer direkt, an och net ëmmer mam Hiwäis op eis, gemierkt, dass awer op eemol Saachen duerchaus Sprochräif gi sinn, an ëmgesat goufen, déi mir da schonn eng Rei vu Joren och am Sozialalmanach opgeworf hunn."

Et hätt ee fäerdeg bruecht, datt am Land iwwer Aarmut geschwat gëtt, an et keen Tabuthema méi wier. Och deen neie Generaldirekter vun der Caritas, de Marc Crochet, deelt dës Aschätzung. D'Caritas géing un der ëffentlecher Diskussioun deelhuelen an aktiv u Léisunge schaffen. Fir déi Sozial Servicer ze entwéckelen, misst een awer fir d'éischt d'Schiflag an der Gesellschaft erkennen.

En Donneschdeg de Moie géint 10 op 8 ass dann den CSV-Deputéierte Paul Galles eisen Invité vun der Redaktioun sinn. Mat him wäerte mer ënner anerem iwwert d'Sozialalmanach an d'systemesch Aarmut zu Lëtzebuerg schwätzen.