Déi 64 Joer al Martine Reicherts ass d'Successeurin vum François Pauly an déi éischt Fra un der Spëtzt vu Saint-Paul.

Beim Editeur vum Lëtzebuerger Wort, dem Grupp Saint-Paul, gëtt d‘Martine Reicherts Presidentin vum Verwaltungsrot. D’Martine Reicherts, 64 Joer al Juristin, ersetzt de François Pauly, dee jo neien Direkter vum schwäizer Bankegrupp Rothschield gëtt. Mam Martine Reicherts ass fir d’éischte Kéier eng Fra un der Spëtzt vum Wort. Si huet virdrun fir d’EU Kommissioun geschafft a war 2014 fir kuerz Zäit Interim-EU-Kommissärin. Si ass aktuell ënnert anerem Presidentin vum Fonds National de la Recherche a Member vum Verwaltungsrot vun der Zentralbank.