E Schwéiertransporter an e risege Kran waren hei am Asaz. En Drénkwaasserbehälter - Quellstube genannt - gouf aus der Schwäiz op Lëtzebuerg geliwwert.

Op dëser Plaz ass d'Glabecher Quell. Et ass eng vu 4, aus där d'Gemeng Noumer hiert eegent Drénkwaasser zaapt. Eng ronn 60 Drénkwaasserquelle ginn et am Mëllerdall. Wéinst dem Manktem u Schnéi hunn Debiten déi leschte Joren ofgeholl.

D'Gemeng Noumer, zu där e.a. och Kruuchten a Schrondweiler derzougehéieren, zielt eng 1.430 Awunner. Si verbrauche ronn 12.500 Fudder Waasser/Mount. Am Summer klëmmt de Verbrauch op iwwer 15 Dausend Fudder.

Gedold war gefrot fir déi nei Quellstube op hirer neier Plaz z'installéieren. D'Zil vun dësen Aarbechten ass et, den Awunner Waasser vun héijer Qualitéit unzebidden.

All 50 bis 100 Joer mussen esou Aarbechten duerchgefouert ginn.