An der Nuecht op e Freideg konnt d'Police 2 Brigangen op frëscher Dot stellen, wéi si an der ZI Bourmicht bei engem Autoshändler um Wierk waren.

Déi onbekannt Männer waren iwwert en Drot geklommen an haten e puer Katalysatore vu Camionnetten ofmontéiert a matgoe gelooss. An der Rue de l'Industrie kruten déi alarméiert Policepatrullen e verdächtegen Auto gestoppt.

Op Uerder vum Parquet goufe béid Männer festgeholl a koume e Freideg virun den Untersuchungsriichter. Hiren Auto a 6 geklaute Katalysatore goufe séchergestallt. Déi krut de Proprietär spéider nees zeréck.