E Samschdeg an der Chamber huet de Premier Xavier Bettel en éischten Tëschebilan gezunn a gesot, wéi vill Leit sech bis ewell op d'Lëscht agedroen hunn.

Rieds geet vun der Impf-Lëscht fir Leit iwwer 18 Joer, déi sech fräiwëlleg wëlle mat de Vaccine vun Johnson&Johnson oder AstraZeneca impfe loossen. Et konnt ee sech fir ee vu béiden Impfstoffer entscheeden oder fir déi zwee.

Stand 12 Auer hu sech 6.355 Fräiwëlleger fir de Vaccin vun Johnson&Johnson gemellt. 2.151 Persounen hunn de Vaccin vun AstraZeneca uginn.

E Freideg hunn de Xavier Bettel an d'Paulette Lenert op enger Pressekonferenz annoncéiert gehat, dass d'Aschreiwunge fir dës Waardelëscht e Samschdeg géinge fräigeschalt ginn.