Um Samschdeg war et déi éischt Klima-Maniff fir dëst Joer
Iwwert déi lescht 15 Méint huet de Coronavirus d'Klimakris aus ville Käpp verdrängt.
Protestbeweegungen ewéi „Fridays for Future" hu sech schwéier gedoen, fir fir Biller a Schlagzeilen ze suergen. Vill Aktioune goufen op den Internet geplënnert. Dat war awer e bëssen anescht. Zu Lëtzebuerg haten d'Klimaaktivisten zum Protest opgeruff – net méi nëmme Fridays for Future fir Schüler, mee fir jiddereen. Déi Jonk si gréisstendeels ausbliwwen. Examensstress.
An awer hate sech eng gutt 200 Persounen um Krautmaart versammelt. D'Plaz virun der Chamber e grousse Protest-Zuch.

D'Magali Paulus, Center of Ecological Learning Luxembourg:
„Beim Klima hu mer d'Wëssenschaft, déi eis seet, datt mir mussen immens séier agéieren. Mir mussen drastesch Mesuren huelen. Dat wësse mer mëttlerweil alleguer: eis Politiker, eis Entreprisen och. Mee mir sinn nach ëmmer immens lues."
Wärend an der Chamber just iwwert de Klima geschwat gëtt, fuerdert een haut op der Strooss séier an handfest Konsequenzen.
„Mir hunn d'Gefill, datt ewéi ëmmer vill geschwat gëtt an net vill agéiert gëtt. Dat hu mer gutt mam Klimagesetz gesinn, dat d'lescht Joer gestëmmt gouf. D'Gesetz ass ambitiéis, mee d'Moyene sinn net kloer, ewéi mer op déi ambitiéis Ziler kommen."

Et war eng weider lass an der Stad, - dat och duerch dat gutt Wierder. Voll Stroossen goufe bemol zu ganz rouegen Zonen – op Kräizungen a Stroossen war fir kuerz Zäit keen Auto ze gesinn.
Fir d'Leit sinn d'Maniffen am Kampf géint de Klimawandel net duerch iergendwellecht digitaalt Geschier ze ersetzen.
Frédéric Krier, fir den OGBL dobäi:
„Den digitale Wee kann d'Informatiounslück vervollstännegen, mee ass schlussendlech awer keng Alternativ, fir sech och an der Strooss ze weisen."
Zënter dem Ufank vun der Pandemie ass d'Thema Klimawandel op der Prioritéitelëscht bei ville Leit no hanne geréckelt.
Sief et offline – oder online – e politesche Wandel gëtt gefuerdert.