Den nationale Widerdéngscht huet fir e Mëttwoch an Donneschdeg nees en Avis de chaleur erausginn, dee fir d’ganzt Land gëllt.

D’alerte jaune spillt virun allem am Nomëtteg, wann den Thermometer iwwert d’30 Grad eraus dierft klammen.

Tëscht der Mëttesstonn an Hallefnuecht besteet och de Risk, dass d’Ozon-Wäerter plazeweis kéinten an d’Luucht goen, an d’Limite vun 160 Mikro-Gramm pro Kubikmeter Loft depasséieren.

Eeler Leit a Persounen déi gesondheetlech Problemer hunn, sollen dofir op physesch Ustrengungen am Fräien de Mëtten verzichten.

RTL