Dat geet ervir aus dem neie Politmonitor vun TNS Ilres, deen am Optrag vu RTL an dem Lëtzebuerger Wort realiséiert gouf.

Déi blo-rout-gréng Regierung ass an der Mëtt vun der Legislaturperiod ukomm a generell gekuckt fält de Bilan vun de Bierger gréisstendeels positiv aus. Eng Majoritéit vun de Leit ass der Meenung, dass d'3er-Koalitioun no 2,5 Joer eng gutt Aarbecht geleescht huet.

D'Leit sinn also zefridden, ma fannen trotzdeem, dass d'Regierung op groussen Dossieren net wierklech virukomm ass.

Politmonitor Deel 2/Reportage Annick Goerens

Bilan zur Hallschent vun der Legislaturperiod

69 Prozent vun de Wieler fannen also, dass d'Regierung eng gutt oder souguer ganz gutt Aarbecht leescht. Mee wann déi Befrote sollen evaluéieren, ob d'Regierung hir grouss Ziler erreecht huet, déi si sech am Ufank vun der Legislaturperiod festgeluecht hat, zum Beispill d'Schafe vu bezuelbarem Wunnraum oder eng Steierreform fir méi Steiergerechtegkeet, da kréich d'Koalitioun wuel éischter eng Datz. Den Tommy Klein vun TNS-Ilres:

"Et sinn zwou grouss Suerge bei eis am Land an 2x konstanten Accord och an allen Stammwielerschafte vun de Regierungsparteien, dass do bei Wäitem nach net vill gemaach ginn ass. An wann een dëst vergläicht mat der Wichtegkeet, deen dëse Sujet an der Wielerbevëlkerung huet, ass et do definitiv eng Prioritéit an eng Suerg, déi bei der Wielerbevëlkerung besteet. D'Mobilitéit ass den eenzegen Dossier, wou eng Majoritéit vun der Wielerbevëlkerung den Ament dovun iwwerzeegt ass, dass scho vill dofir gemaach ginn ass, par Rapport zu allen aneren Dossieren, déi mir ofgefrot hunn."

Och wat d'Bekämpfung vun der Aarmut, d'Bekämpfung vum Verloscht vun der Biodiversitéit oder d'Legaliséierung vum Cannabis ugeet, ginn de Gros vun de Wieler un, dass nach net vill - oder souguer guer näischt dofir gemaach gouf. Mee wéi kann een déi Diskrepanz erklären, dass d'Leit eigentlech fannen, dass d'Regierung op ville Sujeten net virukomm ass a se awer zefridde si mat hirer Aarbecht?

"Ech mengen aktuell, wann et ëm eng Bewäertung vum Bilan vun enger Legislaturperiod geet, spillt natierlech och e groussen Deel d'Covidkris mat an do hu mer jo gesinn, dass d'Leit gréisstendeels mëttlerweil mat de Mesuren an der Aart a Weis, wéi dës geréiert ginn ass, zefridde sinn, sou dass de Bilan gréisstendeels positiv ausfält."

Logement, Mobilitéit, Klima

Wéi eng 3 Theme wäerten dann den 2. Deel vun der Legislaturperiod vu Blo-Rout-Gréng dominéieren? Och dat war eng Fro am Sondage vun TNS-Ilres.

"Et ass ganz kloer de Constat, dass de Logement, d'Mobilitéit an drëttens d'Klima, Energie an Ëmwelt ganz wichteg Sujete wäerte ginn elo an awer och an 2,5 Joer, woubäi beim Logement nach opfält, dass do d'Urgence nach vill méi grouss ass, well dat e Sujet ass, dee fir ¾ vun der Walbevëlkerung ganz wichteg ass.“

Wat dës dräi wichtegst Sujeten ugeet, kruten d'Wieler och méiglech Léisungsvirschléi proposéiert. An do ass et de Constat: Wat kéint e Widdersproch sinn, ass zu Lëtzebuerg awer keen.

"Et besteet effektiv de Constat, dass een zu Lëtzebuerg engersäits der Meenung ka sinn, dass den ëffentlechen Transport soll ausgebaut ginn an anerersäits gläichzäiteg der Meenung ka sinn, dass Parkplazen net dierfe reduzéiert ginn an de Besëtz vu motoriséierte Gefierer net dierf méi héich besteiert ginn. Dat heescht, allgemeng ass et e bëssen eng Positioun, dass soubal ech selwer betraff sinn, an dat ass jo e bëssen de klassesche Problem zu Lëtzebuerg, da fält d'Begeeschterung an d'Motivatioun, eng Mesure matzedroen, scho vill méi kleng aus.“

Majoritéit eens iwwer wichteg Dossieren, ma net iwwer de beschte Wee, fir déi unzegoen

D'Leit si sech eens, dass op den 3 Dossiere Logement, Mobilitéit a Klima muss geschafft ginn, ma wéi dat soll gemaach ginn, doriwwer gëtt et keng Eenegkeet.

"Sou ass een am Logement zum Beispill der Meenung, dass déi ëffentlech Hand, sief et de Staat selwer awer och d'Gemengen, vill méi missten als Acteur, als Promoteur optrieden a se sinn awer manner dovunner iwwerzeegt, dass een d'Promoteuren zum Beispill sollt dozou verflichten, méi dicht a méi an d'Héicht ze bauen. Bei Klima, Energie an Ëmwelt do ass ee sech ganz kloer eens, an allen Altersprofiller an och an allen Stammwielerschaften, dass déi ëffentlech Ariichtungen e vill méi staarken Accent op regional produzéiert Produite sollte leeën an dass och den Asaz vun erneierbaren Energië vill méi staark nach staatlech subventionéiert misst ginn.“

Do, wou ee sech a puncto Ëmwelt, Energie a Klima manner eens ass, ass, wann et ëm d'Mobilitéit geet. Just d'Hallschent vun de Leit ass nämlech iwwerzeegt, dass méi staark staatlech Subventioune fir Elektromobilitéit wierklech eng Léisung ass.

An eisem drëtten a leschten Deel vum Politmonitor um Donneschdeg kucke mer dann op d'Käpp vun eise Politiker. Wie gewënnt an wie verléiert? Eng Fro, déi nawell vill Leit dierft interesséieren.

D'Detailer wéi ëmmer op Alia.lu

Fir dëse Sondage goufen 1.127 Wieler befrot, déi representativ si fir d'Lëtzebuerger Populatioun. D'Detailer iwwert d’Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir och op Alia.lu