En Dënschdeg den Owend gouf et géint 23.15 Auer en Accident op der A4 op der Héicht vu Steebrécken. Den Automobilist hat gedronk.

Hei war een Auto verongléckt, an eng Persoun gouf schwéier blesséiert. Den Automobilist war an der Sortie Steebrécken vun der Strooss ofkomm an ass am Gruef gelant. Den Alkoholtest war positiv.

Am Asaz waren nieft dem Samu och d'Pompjeeë vu Monnerech a Schëffleng, grad ewéi d'Ambulanz vun Esch.

4 Führerschäiner agezunn

En Dënschdeg gouf géint 18 Auer op der A13 tëscht der Opfaart Uespelt an dem Tunnel Fréiseng en accidentéierten Auto op der Pannespuer gemellt. Wéi d'Policebeamten op der Plaz ukomm sinn, hu se festgestallt, dass de Chauffer staark alkoholiséiert war. Hie krut nach op der Plaz de Führerschäin ofgeholl.

Net schlecht gestaunt hunn d'Beamten um Mëttwochmoie géint 1 Auer bei enger Kontroll an der route d'Ettelbruck zu Dikrech. Hei huet en Automobilist nach kuerz virun der Kontroll en aneren Auto iwwerholl an ass du laanscht gerannt. Et koum zu enger Course-poursuite, ma de Chauffer konnt gestoppt ginn. De Chauffer hat ze vill gedronk an de Führerschäin krut en ofgeholl.

Kuerz drop (01.15 Auer) gouf eng Automobilistin an der Stad um Boulevard Royal kontrolléiert, nodeems se enger Patrull opgefall war. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Führerschäin gouf agezunn.

Kuerz no 01.30 Auer gouf et dunn nach e Fall vu Fahrerflucht an der Stad. En Automobilist wollt an der Rue Dicks hannerzeg aparken an huet dobäi en aneren Auto geroden. De Chauffer huet sech duerch d'Bascht gemaach, konnt awer vun de Poliziste gestallt ginn. De Chauffer huet uginn net matkritt ze hunn, dass en soll en anere Won geroden hunn. Den Alkoholtest war positiv an e Fuerverbuet war d'Konsequenz.