Bei Daarmkriibs ass et besonnesch wichteg, d’Krankheet fréizäiteg z’erkennen, well den Traitement bei engem spéidere Stadium manner Erfolleg versprécht.

Den Daarmkriibs ass zu Lëtzebuerg déi zweetheefegst Form vu Kriibs, souwuel bei Männer ewéi och bei Fraen. Bei Daarmkriibs ass et besonnesch wichteg, d’Krankheet fréizäiteg z’erkennen, well den Traitement bei engem spéidere Stadium manner Erfolleg versprécht. Dowéinst fuerscht d’Uni Lëtzebuerg zënter 10 Joer an deem Beräich. Ënnert anerem zesumme mat der Biobank, dem Fondation Cancer an dem Fonds National de la Recherche.

Biomarker si biologesch Indicateure fir eng bestëmmte Krankheet. Se deiten op Verännerunge vu bestëmmte Proteinnen hin, déi bei verschiddene Krankheeten optrieden. Allerdéngs si bis ewell wéineg Biomarker fir Daarmkriibs bekannt.

An de leschte Joren hunn an enger Etüd Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg zesumme mat der Fondation Cancer an dem Fonds national de la recherche een neien a villverspriechende Biomarker fir Daarmkriibs entdeckt. Virun allem a fréie Stadie kënnen esou Indicateuren et erméiglechen, Patienten a Gruppe mat "héijem" a "geréngem" Risiko anzeuerdnen. Esou eng Klassifizéierung kann dem Dokter hëllefen, dat passend Traitement fir de Patient ze wielen.

Daarmkriibs betrëfft hei zu Lëtzebuerg net nëmmen eeler Leit, ma och Jonker. Den Daarmkriibs ass déi Form vu Kriibs, déi am zweetheefegsten zum Doud féiert.

Mam Biomarker-Projet wëllen d’Fuerscher an Zukunft weiderhin d’Therapie an d'Iwwerliewenschancë vun de Patiente verbesseren.