Den nationale Wiederdéngscht huet d'Warnung virun deels kräftegen Donnerwiederen, staarkem Reen, Wandstéiss a Knëppelsteng vu giel op orange erop gestuuft.

Um Samschdeg de Moie war nach Rieds vun enger alerte jaune tëscht e Samschdegowend 18 Auer an e Sonndegmoien 9 Auer.

Kuerz no 13 Auer koum dunn awer eng weider Meldung vu Meteolux, déi fir e Samschdegowend 22 Auer bis e Sonndegmoien 3 Auer souguer eng "alerte orange" erausginn hunn, mat dem Message:

"Vigilances MeteoLux: Alerte Orange. Orages forts avec possibilité de grêle, fortes averses et des rafales de vent très fortes, pour tout le pays. Valide pour l'échéance du: 19/06/2021 22:00 au 20/06/2021 03:00."

© www.meteolux.lu

Et heescht also den Owend d'Gaartemiwwele gutt ze verstauen oder ze sécheren.

Op eisem Wieder-Radar kann een verfollegen, wéini a wou de Reen wäert erofkommen. Hei ännert sech d'Situatioun quasi vu Stonn zu Stonn. Deemno ass et ganz schwéier e geneeë Pronostic ze maachen.

Och a Frankräich ass een op d'Donnerwiedere preparéiert. Bis an d'Mëttesstonn waren 41 Departementer a "vigilance orange" gesat ginn.