Op der N24 tëscht Biekerech an Uewerpallen ass en Automobilist e Samschdeg géint 6.15 Auer mat sengem Won a ee Bam gerannt.

De Chauffer a säi Bäifuerer goufe beim deem Virfall schwéier blesséiert a koumen an d'Spidol.

D'Police freet déi Persoun, déi den 112 geruff hat, grad wéi all aner Zeien, sech bei der Police zu Réiden ze mellen um (+352) 244 92 1000 oder per E-Mail op police.atert@police.etat.lu.