D'Participatioun bei der Impfcampagne ass den Ament relativ héich, esou de Luc Feller, Haut-Commissaire à la protection nationale.

Aktuelle Stand vun Impfcampagne / Reportage Diana Hoffmann

60 Prozent vun der erwuessener Populatioun krut schonn déi éischt Dosis, 40 Prozent vun de Leit iwwer 18 Joer si scho komplett géint de Covid19 geimpft. Dat ass den aktuelle Stand vun der Impfcampagne hei zu Lëtzebuerg. Wéi hält sech den Participatiounstaux, elo wou déi méi jonk Altersgruppen invitéiert ginn?

Dee wier zwar erofgaangen, esou de Luc Feller, Haut-Commissaire à la protection nationale, ma dat awer nëmme liicht.

 "Mir ware bei engem ganz héijen Taux de Participation vu 76 Prozent. An elo schwätze mer nach ëmmer vun engem Taux de Participation, dee nach ëmmer iwwer 70 Prozent ass. Wat mer och kënne soen, ass, dass déi Alterskategorien, déi mer fäerdeg geimpft hunn, also déi hir Invitatioun kruten an déi an den Impfzenteren duerchgelaf sinn, dass mer bei deenen Alterskategoerien iwwer 45 Joer bei engem Taux de Couverture leien vun iwwer 70 Prozent."

Och un de Fräiwëllegelëschte géing een den Interessi mierken. Am Ganze stinn op de Lëschten fir AstraZeneca an oder Johnson & Johnson ronn 57.000 Leit. Dovunner goufen der och schonn eng ganz Partie invitéiert. De Luc Feller betount awer:

"Mir hunn ëmmer gesot, et gëtt kee benodeelegt doduerch, dass e sech op eng Fräiwëllegelëscht aschreift. Lo ginn et zwee Cas de Figures, d'Persoun huet hir Invitatioun fir Johnson & Johnson krut, si huet hire Rendez-Vous geholl, an da kritt se keng Invitatioun méi fir en anere Vaccin. Et kann awer och sinn, dass d'Persoun hir Invitatioun fir den Johnson krut huet, hire Rendez-Vous awer nach net geholl huet, da gëtt se natierlech weider am regulären Impfprozess invitéiert."

En Vue vun der Summervakanz kéinten dann eng Rei Ännerunge kommen.

Wie säi Bréif zum Beispill nom Delai eréischt gesäit, ka bei der Hotline ufroen, fir awer nach e Rendez-Vous kënnen auszemaachen, esou de Luc Feller.

Am Raum stéing dann och d'Fro, wéi am Summer oder duerno mat den Impfzenter soll weidergefuer ginn.

 "Ech kéint mir virstellen, dass een d'Impfzenteren progressiv zoumécht, net alleguerte mateneen. Ech mengen, et ass jo esou, dass mer elo bis 12 Joer erof ginn mat den Impfungen. Et ass och esou, dass mer herno nach eventuell d'Frontalieren ustinn, déi ee kann impfen. Sou dass et kee Sënn mécht, d'Impfzenteren direkt zouzemaachen. Parallel mengen ech, stellt sech och d'Fro vun enger Impfcampagne bei den Dokteren an de Cabinets de Ville. Mee dat sinn alles Decisiounen, wou et haut nach e bëssen ze fréi ass, fir eng definitiv Decisioun ze huelen. Mee ech ka mer virstellen, dass mir der Regierung do an deene nächste Wochen Propositiounen dozou maachen."

Déi erwuesse Populatioun ass quasi komplett invitéiert ginn, fir sech impfen ze loossen. Bis 18 Joer musse just nach 11.000 Leit hir Aluedung kréien. Well den Ament awer vill Zweetdosissen ustinn, géingen et fir déi lescht Invitatiounen e bësse méi lues goen.