A 7 Fäll gouf d'Vitesse vun 90km/h am Tunnel bei der Kontroll däitlech iwwerschratt, ma ee Chauffeur ass besonnesch opgefall.

Et goufen deels Vitesse vun 141 bis zu 181 Stonnekilometer gemooss. Bei engem Chauffeur koum nach dobäi, dass den Alkoholtest positiv ausgefall ass. Déi 7 Automobiliste kruten direkt e provisorescht Fuerverbuet an d'Permise goufen agezunn.