A verschiddenen EU-Länner kann déi zweet Impfung mat engem anere Vaccin gemaach ginn, ewéi déi éischt.

Lëtzebuerg wëll awer nach op den Avis vun der europäescher Medikamenter-Agence, der EMA, waarden. Dee gëtt fir Ënn dës Mounts erwaart. Réischt da gëtt iwwert en méiglecht upassen an deem Sënn vun der Impfstrategie hei am Land nogeduecht.

Bis dohinner soll den zoustännegen Dokter decidéieren, jee no Gesondheetszoustand vun der Persoun, déi soll geimpft ginn.

De Conseil supérieur des maladies infectieuses hat an engem Avis recommandéiert, bei enger éischter Impfung mam AstraZeneca-Vaccin a verschiddene Fäll fir déi zweet Dosis den mRNA-Vaccin vu Biontech/Pfizer ze huelen.