Fir de Voyeurismus bei Accidenter ze verhënneren, setzt d'Lëtzebuerger Regierung op Preventioun an Opklärung - zum Beispill an de Schoulen a Farschoulen.

Déi eenheetlech visuell Identitéit vun den Asazgefierer vum CGDIS, déi 2018 agefouert gouf, soll iwwerdeems dozou féieren, datt d'Nout- a Rettungsdéngschter erkannt ginn an net bei hirer Aarbecht gehënnert ginn. Dat äntwert d'Inneministesch Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro vum Piratendeputéierte Marc Goergen.

Dëse wollt wëssen, ob een zu Lëtzebuerg géing envisagéieren, en änleche Projet ëmzesetzen, wéi et e bei den däitsche Johanniter gëtt. Hei kréie Leit, déi versichen en Accident ze filmen oder ze fotograféieren, duerch sougenannte QR-Coden e Message op den Handy, dass se dat sollen ënnerloossen. Esou e Projet wier den Ament zu Lëtzebuerg net geplangt, sou d'Ministesch.