D'Informatioune vun der Santé en Donneschdeg weisen, datt an de leschten 48 Stonnen 39 Neiinfektioune registréiert goufen.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Donneschdeg enthält d'Donnée vum Dënschdeg a vum Mëttwoch, dat well de Gesondheetsministère um Feierdag keng Zuele matgedeelt huet.

An de leschten Deeg ass keng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid bei 818.

Bannent de leschte 24 Stonne goufe 489 Tester gemaach, dovunner waren der 4 positiv.

Den Ament si 5 Persounen hospitaliséiert. Op der Intensivstatioun leien dovunner aktuell 2 Persounen.

Zu Lëtzebuerg ginn et 213 aktiv Infektiounen. 69.555 Leit gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,77. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.