Op Uerder vum Parquet vun Dikrech waren um Dënschdeg den Owend eng Wunneng an zwee Autoen duerchsicht ginn.

D'Police huet missen dovun ausgoen, dass eng vun den verdächtege Persounen arméiert war. Dofir war d'Spezialunitéit an den Asaz komm.

Kuerz no 22 Auer waren déi verdächteg Persounen interpelléiert.

Bei de Perquisitiounen hunn d'Beamten eng Pistoul, eng gréisser Zomm Bores an ongeféier 350 Gramm Cannabis fonnt.

Déi zwou Persounen goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter. Géint si gouf e Mandat de dépôt decidéiert.