Um Quai vun der Marie Astrid zu Gréiwemaacher haten d'Natur&Ëmwelt de symbolesche Sprong organiséiert.

E puer Dose Leit haten sech versammelt a sinn an hirer Big Jump-Tenue an d'Musel gesprongen.

Eng flott Aktioun mat engem seriöen Hannergrond. Ëmmerhin si bal 100% vun de Flëss a Séien zu Lëtzebuerg, Aschätzunge vum Waasserwirtschaftsamt no, net an engem gudden Zoustand.

Natur&Ëmwelt weist sech besuergt. Et misst virun allem nees op Renaturaliséierung gesat gi fir, datt d'Gewässer sech nees selwer rengege kennen. Och bei de Kläranlage wier nach vill Nohuel-Bedarf do, esou Natur&Ëmwelt.