De Chômage geet weider zeréck an erreecht lues a lues erëm Niveaue vu virun der Covid-Kris. De Chômagetaux geet vu 5,8% am Mee op 5,7% am Juni erof.

Am Juni 2019 louch den Taux bei 5,4%. Eng 16.400 Leit waren nach den 30. Juni op der Sich no enger fester Schaff a bei der Adem ageschriwwen. Dat sinn der 938 manner ewéi de Mount virdrun.