© RTL (Archiv)
E Sonndeg de Moie gouf d'Police an eng Wunneng op d'Porte de France geruff, well hei e Mann seng Frëndin attackéiert huet.
D'Fra hat Blessuren am Gesiicht, nodeem de Mann si mat der Fauscht geschloen hat. Dowéinst hunn d'Policebeamten och d'Rettungsdéngschter informéiert, dono gouf d'Fra och an d'Spidol ageliwwert.
No enger kuerzer Sich konnt den Täter gestallt ginn a koum mat op de Policebüro. De Parquet huet de Mann verhafte gelooss an hie koum nach e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Am meeschte gelies