Et wier éischter onwarscheinlech, datt ArcelorMittal d'Stolwierk Liberty Steel zu Diddeleng nach eng Kéier géif iwwerhuelen.

Dat sot de Wirtschaftsminister Franz Fayot e Mëttwoch de Moien an der zoustänneger Chamberskommissioun.

Onméiglech wier et net, huet et rezent vun der zoustänneger EU-Kommissiounsmember Vestager op Nofro vun den Europadeputéierten Isabelle Wiseler a Christophe Hansen geheescht.

De Wirtschaftsministère bestätegt awer, datt no engem Austausch mat der Kommissioun, keng Pläng um Dësch géife leien, fir déi aktuell Konkurrenzfäegkeetsreegelen an der Stolindustrie ze änneren.

An deem Kader war ArcelorMittal bei der Acquisitioun vum italienesche Grupp Ilva gezwonge ginn, ënner anerem d’Wierk zu Diddeleng ze verkafen.

De Site zu Diddeleng nees opzekafen, wier bei ArcelorMittal à ce stade also net um Ordre du jour.

Ma d'Situatioun zu Diddeleng bléift eng prekär, esou den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

„D'Wierk funktionéiert och elo mat enger vill méi niddereger Capacitéit ewéi soss. Mir hunn de Mueren [Mëttwoch] awer nach vum Minister Fayot verséchert kritt, datt d'Paie fir de Juli an och den August ofgeséchert sinn. Mee wat dono geschitt, konnt en eis och net soen.“

D'Participatioun vum Staat a Liberty Steel wier weider eng Optioun déi kéint „en dernière instance“ geholl ginn, esou de Wirtschaftsminister e Mëttwoch. Hei kéint d'SNCI sech bedeelegen, wann d’Reprise vu Liberty Steel mat engem aneren Acteur aus der Industrie consideréiert gëtt.