Fir d'Luxexpo, Munneref an Ettelbréck ass d'Fermeture fir de 14. August virgesinn.

D'Installatiounen um Findel maachen den 21. August zou. Op all dëse Plaze kann een elo scho kee Rendez-vous méi fir eng éischt Dosis huelen. Dat si mer op Nofro hi bei der Santé gewuer ginn.

Wéini d'Impfzentere Lampertsbierg an Esch zoumaachen, ass nach net decidéiert. D'Decisioun gëtt op Basis vun den Aschreiwungen op de Waardelëschte geholl.

Parallel zu dëse Fermeturë wäert mat den Impfungen an den Dokteschcabineten ugefaange ginn, dat an der Woch vum 2. August.

Ronn 180 Dokteren hu bis ewell hir prinzipiell Bereetschaft signaliséiert.