Den 11. Januar 1993 huet déi kleng Baach Waark grousse Schued am Dall ugeriicht.

Welschent, Waarken a virop d'Klinik zu Ettelbréck stoungen ënner Waasser. Hei waren deemools Mënscheliewen direkt a Gefor.

Den aktuelle Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf vun Ettelbréck erënnert sech, wéi deemools reagéiert gouf. Wéi ugefaange gouf Etüden ze maachen, wéi een esou en Héichwaasser am Dall vun der Waark verhënnere kéint.

Am Juli 1999 gouf tëscht Welschent an Nidderfeelen en 10 Meter héijen Damm ageweit. Deen zanterhier schonn e puer Mol Welschent, Waarken an Ettelbréck virun Iwwerschwemmungen a Schied geschützt huet, och de leschten Donneschdeg.

De Markus Kruse, Teamleader vum Bedreiwer Engie-Cofely, hat an der Nuecht vun de Mëttwoch op en Donneschdeg um Barrage Déngscht. Moies fréi hätt de Peegel eng 2 bis 3 Zentimeter vun deem Wäert ewech gestanen, wou een hätt missen ufänke mat Stauen. Op deem Ament huet den Enkpass um Barrage d'Waassermasse scho kloer gebremst. Den Dall stoung knapps 3 Meter héich ënner Waasser.

Mam Resultat, dat d'Peegele vun der Waark, am ënneschten Deel vum Dall, zu kengem Ament op e kriteschen Niveau geklomme sinn. Am Fall, wou hätte virum Barrage, op enger Längt vun 1,6 Kilometer, 530.000 Kubikmeter Waasser kënne gestaut ginn. Eng Situatioun, op déi sech d'Ekipp hei op der Plaz scho ganz fréi agestallt hat.

De Markus Kruse erënnert sech gutt, datt ee vun de Mataarbechter schonn zwee Deeg virdrun intern gewarnt hat. Mëttwoch am fréien Nomëtteg gouf d'Situatioun dunn och méi kritesch. D'Ekipp op der Waark huet d'Zon, déi ganz hätt kënnen iwwerschwemmt ginn, preventiv kontrolléiert, huet d'Bauere gewarnt, hiert Véi vun de Wisen ze huelen.

Ënnenof am Dall zu Angelduerf hunn iwwerdeems d'Awunner d'Sauer op en Neits net méi aus den Ae gelooss. 1993 hat de längste Floss vu Lëtzebuerg d'ganz Regioun iwwerschwemmt. Dëst d'Kéier blouf Angelduerf verschount.

"Do muss ech wierklech e grousse Merci soen, dem Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Ierpeldeng-Sauer, dem Erni Rassel. Well direkt no 1993 huet hien alles an d'Weeër geleet, fir Etüden ze maachen, fir ze kucken, wat kann ee maachen, fir d'Bierger hei an der Gemeng ze schützen. An et ass och direkt geschafft ginn", sou de Claude Gleis aktuelle Buergermeeschter vun Ierpeldeng.

D'Sauer gouf ausgegruewen. Eng gutt ee Kilometer laang Schutzmauer gouf gebaut, déi zum Gléck kuerzfristeg mat Aluminium-Elementer verstäerkt ka ginn. Wat effektiv dëst d'Kéier verhënnert huet, datt Angelduerf nees emol iwwerschwemmt gouf. Et war en Héichwaasser, wat awer och Schwaachpunkten opgedeckt gelooss huet.

"Ee vun de Schwaachpunkten ass déi al Mauer bei der Angelduerfer Kierch, wou d'Sauer voll drop dréckt. Wou mer wierklech gehofft hunn, datt se hält. Mir hunn nach 40 Bigbag mat Sand derbäi gestallt. Se huet gehalen. Mir wäerten elo ganz séier do e Bureau d'étude engagéieren, fir ze kucken, wéi d'Stabilitéit vun där Mauer ass", sou de Buergermeeschter.

Eng Mauer an en Damm. Moossnamen, déi gegraff hunn. Déi awer leider op villen anere Plazen am Land, aus verschiddene Grënn, Haiser an Häff net schütze kënnen.