Besserung um Findel. Vollen, déi wéinst dem Niwwel de Sonndeg de Moien anstännege Retard haten, konnten elo starten.

D'Maschinn fir op Gran Canaria zum Beispill stoung mat alle Passagéier dra gutt zwou Stonnen um Buedem. Den Depart hätt sollen um 6 Auer sinn.

Den Operateur vum Findel LuxAirport hat Retarde bei verschiddene Volle confirméiert. Et hunn awer keng Flich missen annuléiert ginn. Och de Fluchhafen huet soss normal funktionéiert.

Verschidde Maschinne kruten de Sonndeg de Moie keng Starterlabnis, well d'Piloten duerch den Niwwel net wäit genuch gesinn hunn.