Vun e Mëttwoch op en Donneschdeg waren eng Partie Automobilisten ënner Alkoholafloss ënnerwee.

Zu Ëlwen ass der Police eng Automobilistin opgefall, déi ëmmer nees op d'Géigespuer geroden ass. Zu Wilwerdang konnt si du gestoppt ginn. Wéi sech erausgestallt huet, ass d'Fra alkoholiséiert gefuer. Si war hire Permis lass a krut e provisorescht Fuerverbuet.

Géint 1.40 Auer ass eng Fra am Zickzack iwwert d'Place d'Argent zu Eech gefuer. Och hei gouf et e provisorescht Fuerverbuet, de Fürerschäi gouf agezunn.

An der Stad ass e Gefier géint 1 Auer mat 2 futtisse Pneuen an ze héijer Vitess a Richtung Beggen gefuer. Och dee Chauffer hat sech alkoholiséiert hannert d'Steier gesat a krut e provisorescht Fuerverbuet. De Permis gouf agezunn.

Da gouf de Beamten zu Déifferdeng en Automobilist kuerz no Mëtternuecht gemellt. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, dowéinst war hien de Permis lass. Wéi sech erausgestallt huet, hat de Chauffer schonn e Fuerverbuet. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto saiséiert.

Um 23.30 Auer ass der Police eng Automobilistin zu Gaasperech um Boulevard de Kockelscheuer opgefall. Den erlaabten Héchstwäert un Alkohol am Blutt gouf iwwerschratt. Och si huet hire Fürerschäi missen ofginn, e Fuerverbuet gouf et och. Donieft war de Contrôle technique vum Gefier ofgelaf.