Op der Kinnekswiss ass bis de 15. August eng méi lass. Historesch Attraktiounen, sou wäit ee kucke kann. Sou zum Beispill e Riserad aus dem Joer 1902.

Et ass 13,5 Meter héich an huet 10 Gondele fir allkéiers 4 Persounen.

Nostalgie kënnt op, bei de Visiteuren awer och bei de Foraine selwer. Déi eelste Manège bei der "Kiermes wéi fréier" staamt aus dem Joer 1886. D'Teppecher sinn nach original. Annerhallwen Dag dauert et, fir d'Karussell opzebauen.

D'Spiller op der Quartierskiermes si gratis. Hei op der Kinnekswiss muss ee bezuelen.

Keng 200, mä 45 Geschäfter wäerte vum 21. August un um Glacis fir Begeeschterung suergen. "Fun um Glacis" heescht et dann.

Déi nächst 2 Wochen heescht et elo emol "Kiermes wéi fréier". All Dag vu moies 11 bis owes 20 Auer kann ee sech hei ameséieren.