Am Géigendeel zu de meeschten EU-Memberstaaten ass den Emploi am Grand-Duché wärend dem Pandemie-Joer 2020 an d'Luucht gaangen.

Aarbechtsmarché zu Lëtzebuerg - Reportage Chris Meisch

Dat géing awer net bedeiten, dass d'Lëtzebuerger Aarbechtswelt guer net vun der Kris getraff gouf, sou schreift et de Statec e Méindeg de Moien an hirer neister Nott.

Fir dës positiv Entwécklung vun der Aarbechtswelt ginn et och eng ganz Rei Grënn: De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché war och scho virun der Pandemie méi dynamesch wéi a villen anere Länner an déi ekonomesch Aktivitéit konnt besser virugoen, well et hei am Grand-Duché manner Restriktioune gouf. Donieft ginn et och manner vulnerabel Aarbechtsplazen, well hei zu Lëtzebuerg vill kann op Teletravail zeréckgegraff ginn an well et manner befrist Aarbechtskontrakter, also CDDe gëtt wéi am Ausland.

RTL

© Statec/Eurostat

De Chômage partiel hätt zwar gehollef, d'Leit an der Aarbecht ze halen, mä d'Ausmooss vun dëser Mesure géing net duergoen fir z'erklären, firwat d'Aarbecht zu Lëtzebuerg besser duerch d'Kris komm ass wéi an den aneren EU-Länner, sou Statec.

Wat d'Entwécklung vun der Aarbechtsplazen a Lëtzebuerg ugeet, ass een europawäit gutt positionéiert. Am Géigesaz zu bal allen aneren europäesche Länner ass den Emploi zu Lëtzebuerg zejoert, am Verglach mat 2019, ëm 2% an d'Luucht gaangen.

Eng ganz Partie Faktoren droen zu dëser Entwécklung bäi, dat geet aus der Etüd vum Statec eraus.

Den Impakt vun der Pandemie op Aarbechtsplazen an den europäesche Länner war verschidden. Op europäeschem Niveau wier et eng Baisse vun 1,5% ginn. A Lëtzebuerg eng Hausse vu wéi gesot 2%. Just Malta huet nach besser ofgeschnidde wéi de Grand-Duché. Dat gutt Resultat hei am Land ass virop duerch de Chômage partiell z'erklären, deen d'Leit am Betrib hält. Dobäi kënnt, dass a ville Branchen op den Teletravail zréckgegraff gouf. De Bastian Larue vun der Statec: "En générale quand on regarde branche par branche, ce qu'on voit, c'est que dans un peut près toutes les branches le Luxembourg a mieux résisté à la fois en terme de valeur ajouté ou de production qu'en terme d'emplois par rapport aux autres pays."

D'Zuel vun de geschaffte Stonnen, ass zejoert an all EU-Land gefall. Lëtzebuerg läit mat engem Minus vun 3,3% zu deene Länner, wou d'Stonnen am mannsten erofgaange sinn: "Quand on regarde l'évolution des heures travaillés plutôt que de l'emploi, on voit que le recul observé au Luxembourg et quand même un peut près deux fois plus petit que dans l'ensemble de l'union européenne. Après on peut se dire aussi peut-être le Luxembourg a fait plus d'effort en matière de chômage partiel par rapport aux autres pays."

Déi verschidde Secteure goufen ënnerschiddlech vun der Kris betraff. Den Handel, Transport a Horesca hu besonnesch schwéier gelidden. Den Informatiouns- a Kommunikatiounssekteur ass dogéint ëm 17 Prozent gewuess. An och de Finanzsecteur - deen e groussen Deel vum Salariat zu Lëtzebuerg ausmécht - huet dozou bäigedroen, dass Lëtzebuerg besser doduerch komm ass. Nach eemol de Bastien Larue: "Même s'il y a un impact sur l'emploi on garde quand même une certaine dynamique historique, donc ca c'est déja un point. Un autre point important c'est enfaite la composition de l'économie luxembourgeoise, donc très acces sur les services, notamment sur les services financiers."

Weider Ursaache fir dës Entwécklung vun den Aarbechtsplaze ware Restriktiounen am Land, déi d'Aktivitéit net ze vill gebremst hunn, well se méi large gewiescht sinn, wéi an anere Länner.