D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonnen 120 Neiinfektioune registréiert goufen.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele méi matdeelt.

An de leschten Deeg ass keng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 bei 822.

Bannent de leschten 72 Stonne goufe 17.714 Tester gemaach, dovunner waren der 120 positiv. 5 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert, 50 e Samschdeg a 65 e Freideg.

Den Ament si 25 Persounen hospitaliséiert, dovunner 7 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze gouf bis ewell 710.512 Impfungen genotzt, 349.734 Leit gëllen als komplett vaccinéiert.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,81. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.