Bei de Kontrollen um Freideg ass haaptsächlech dorop opgepasst ginn, ob déi virgeschriwwen Transitstreckereegelung agehale ginn ass.

Hei kruten 13 Chauffeuren e Protokoll, déi hir Route verlooss haten. Weider siwe Verstéiss goufen et géint d'Lenk- a Rouzäiten, bei deenen och e Protokoll ausgestallt ginn ass.

Ee Camion huet wéinst Sécherheetsmängel vun de Beamte missen aus dem Verkéier gezu ginn. Den Opbau stoung un der Fuerersäit ëm ronn 45 Zentimeter eraus a beim Opmaache vun den hënneschten Dieren ass e bal auserneegefall. De Camion war mat 21 Tonnen Hackernëss (Walnuss) belueden, verdeelt op ronn 800 Säck, déi ouni Sécherung transportéiert goufen. D'Gefier gouf op der Plaz immobiliséiert a weider Entscheedunge wäerten nom Ëmlueden vun der Charge getraff ginn.