Um Bord vun enger Visitt zu Pëtschent am neie Centre Thérapeutique fir Jugendlecher gouf d'Santésministesch op d'Impfstrategie ugeschwat.

Et géif een Decisioune vun enger Rëtsch Länner observéieren, déi esou eng Decisioun scho getraff hätten. Et hofft een idealerweis op eng europäesch Orientatioun, wat eng drëtt Impfung ugeet.

D'Paulette Lenert (1)

Vun nächste Méindeg u gëtt um Houwald um Site vum Large-Scale-Testing um Park & Ride eng nei Zort vu PCR-Tester ugebueden. Dës ginn net méi mam Stäbchen duerch d'Strass gemaach, mee elo mat Spaut-Prouwen. Tester wieren net méi präzis, mee et wier en anere Komfort. Et wéilt een déi verschidden Optiounen testen, esou d'Ministesch.

D'Paulette Lenert (2)

Aktuell brauch ee jo och keng Invitatioun méi, fir sech an de Large Scale testen ze goen.