Géint 23.30 Auer sinn zu Déifferdeng um Boulevard Emile Krieps en Auto an e Bus net laanschtenee komm. 2 Persoune goufen heibäi liicht verwonnt.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Käerjeng, grad ewéi d'Ambulanze vu Suessem-Déifferdeng a Péiteng.

Scho géint 17.10 Auer goufe et tëscht Kënzeg a Grass en Accident tëscht 2 Autoen. Och hei goufen 2 Persoune liicht blesséiert. Am Asaz waren d'Ambulanze vu Mamer a Suessem-Déifferdeng, grad ewéi d'Pompjeeë vu Käerjeng.