D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonnen 166 Neiinfektioune registréiert goufen.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele méi matdeelt.

An de leschten Deeg sinn keng Persounen um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 bei 834.

Bannent de leschten 72 Stonne goufen 10.680 Tester gemaach, dovunner waren der 166 positiv, 4 nei Fäll bei 597 Tester goufen e Sonndeg gemellt, e Samschdeg waren et 62 an e Freideg 100 nei Fäll.

Den Ament sinn 37 Persounen hospitaliséiert, dovunner 9 Patienten op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 1.066 aktiv Infektiounen, 74.898 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze gouf bis ewell 773.622 Impfunge genotzt, 397.532 Leit gëllen als komplett vaccinéiert.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,99. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.