Déi fréier Police-Büroen zu Rammerech an Nidderaanwen ginn nees vun dëse Gemengen iwwerholl, well se och de Gemengen gehéieren.

D'Gebai zu Groussbus geet zeréck un de Staat a gëtt vun der Naturverwaltung genotzt.

De fréieren Police-Büro um Cents behält d'Police iwwerdeem fir intern Besoine.

Dat preziséiert de Policeminister Kox op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Fred Keup.