Déi nei Verfassung gëtt politiséiert, d'Auslännerwalrecht gëtt duerch d'Hannerdier méiglech gemaach, den Terme vun der "Famill" gëtt verwässert.

"Kuckt net ewech", dat ass déi nei Campagne, déi d'ADR dës Woch lancéiert, fir d'Bierger - mat Flyeren an Informatiounsversammlunge queesch duerch d'Walbezierker - iwwer d'Verfassungsreform z'informéieren. Der Alternativer Demokratescher Reformpartei geet et éischtens drëm, déi 4 grouss Parteien CSV, DP, LSAP, an déi Gréng un hiert Walverspriechen ze erënneren a se opzefuerderen, et och anzehalen, nämlech e Referendum iwwer d'Verfassungsreform ze realiséieren. An zweetens d'Lëtzebuerger Bierger z'informéieren, wat genee d'Problemer vun der neier Verfassung sinn.

ADR-Campagne/Reportage Annick Goerens

Ugefaange bei der Politiséierung vun der Verfassung. An der Reform solle politesch Staatsziler festgehale ginn, wéi zum Beispill d'Klimaneutralitéit oder d'Recht op Wunnen, mee fir dës Ziler ëmzesetzen, kéinten aner konstitutionell Prinzippien, dozou gehéieren och d'Grondrechter, ageschränkt ginn. Problematesch fënnt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

"Et ass net, dass déi Ziler u sech eis elo géinge fundamental stéieren, ech mengen, et huet kee Mënsch eppes dogéint, fir d'Ëmwelt ze schützen, fir d'Biodiversitéit z'erhalen, fir de Leit eng Wunneng ze ginn, et ass net dat de Problem. De Problem ass d'Fro, ob dat iwwerhaapt an eng Verfassung gehéiert a wéi dat soll realiséiert ginn. Zum Beispill beim Klimaschutz, wann et heescht, mir kënne konstitutionell Prinzippien aschränken, fir d'Klimaneutralitéit ze erreechen, wat heescht dat fir d'Beweegungsfräiheet?"

Eng aner Tendenz, déi een an der Verfassungsreform géing gesinn, ass d'Inspiratioun un der franséischer Legislatioun an domadder engem republikanesche Gedanke. Dem Grand-Duc seng Rechter ginn domat ageschränkt an dat ass der ADR een Dar am An.

"Déi Iddi, wéi bis elo d'Land fonctionéiert huet, nämlech, dass de Staatschef, de Grand-Duc, als eng Persoun gesi gouf, déi iwwert der Verfassung, iwwer de Pouvoire vum Staat steet, deen op eng neutral Manéier regnéiert an net regéiert, dat ass eigentlech fort. An dat ass eppes, wat net bei eis passt. Da kënnt nach derbäi, dass zum Beispill och d'Eedesformel geännert gëtt. "Je jure fidelité au Grand-Duc", dat fält alles ewech. De Grand-Duc kann ofgesat ginn, à la limite kann d'Regierung, wann de Grand-Duc hir aus iergendengem Grond net passt, och eng Prozedur lancéieren, fir en ofzesetzen."

E weidere Punkt, un deem sech d'ADR stéiert, ass, dass de Begrëff "Famill" an der neier Verfassung verwässert gëtt.

"U sech kënnt dobäi stoen, dass jiddereen d'Recht huet, eng Famill ze grënnen an dass de Begrëff "Famill" alles soll ofdecken, wat et an deem Beräich gëtt. Domadder maache mer eigentlech d'Dier op fir eppes, wou d'politesch Parteie soen, dass se et net wëllen, nämlech Leihmutterschaft an d'"procréation médicalement assistée avec tiers donneur". An dat gëtt praktesch e Verfassungsrecht op e Kand. Dat gesi mir net eleng esou, dat gesinn och Associatioune fir de Schutz fir d'Kand esou. Déi Verfassung violéiert d'Kannerschutzkonventioun vun der UNO."

An da géing och mat der neier Verfassung d'Auslännerwalrecht duerch d'Hannerdier agefouert ginn, kritiséiert d'ADR. Eppes wat jo 2015 am Referendum mat ronn 80 Prozent refuséiert gouf. An engem Kommentar vun engem Artikel géing zwar stoen, dass dat Walrecht net fir Legislativwale géing gëllen, mee dat misst een dann awer och am Text vun der Verfassung preziséieren an net an engem Kommentar, well e Kommentar wär net rechtsverbindlech sou de Fernand Kartheiser.

Eng Verfassungsreform ouni Referendum ass een „No-Go"

Et geet der ADR och drëm, fir déi 4 grouss Parteien CSV, DP, LSAP, an déi Gréng un hiert Walversprieche z'erënneren a se opzefuerderen et och anzehalen, esou den Deputéierte Fernand Kartheiser.

"Also et ass éischtens e Broch vum Walverspriechen, well de Referendum war versprach. A fir dass d'Leit net kënnen higoen an e Referendum selwer ufroen, et ass dat esou schwéier wéi méiglech soll sinn, hu si et dann a 4 Deeler opgedeelt de ganzen Text, sou dass sech d'Fro da stellt, ob net 4x misst ee Referendum ugefrot ginn, iwwer all Kapitel. An da gëtt gesot, et wier komplizéiert... et ass net komplizéiert. Et kann een entweder ee Referendum maachen iwwer déi 4 Deeler oder et kann een e Referendum maache mat 4 Froen - eng zu all Kapitel. Oder et kann een higoe wéi 2015, dass een eng Rei Froen eraushëlt. Eng iwwer d'Monarchie, eng iwwer d'Famill oder iwwer aner Saachen an da soen "sidd der d'accord oder net d'accord". Also et gëtt keen technesche Problem, keng Justifikatioun, fir dat do net ze maachen. Et ass einfach de politeschen Onwëllen nom Echec 2015, fir nach eng Kéier dee Wee ze goen an d'Leit ëm hir Meenung ze froen."

D'Verfassungspolitik definéiert eng laangfristeg Verännerung vum Land an do d'Leit net ëm hir Meenung ze froen, dat kéint een absolut net acceptéieren, sou de Fernand Kartheiser.