D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 834 läit.

Aktuell si 37 Persounen hospitaliséiert, dovunner 9 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 773.702 Impf-Dosisse genotzt. 61 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 15 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,0. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.