E Sonndeg kuerz viru 16.30 Auer ass op der A1 Héicht Kierchbierg a Richtung Däitschland e Camion gemellt ginn, deen am Zickzack ënnerwee war.

Hien war op der Héicht Kierchbierg am Zickzack ënnerwee an ass eréischt Héicht Sennengerbierg un d'Stoe komm, dat nodeems zwee Polizisten op Motorrieder dem Camionneur Zeeche ginn hunn, datt e soll stoe bleiwen. Dësen hat seng Méi, fir de Camion op der Spuer ze halen.

Wéi d'Beamten de Mann wollte kontrolléieren, hu si gemierkt, datt hie gedronk hat an een Ament wollt hie souguer weiderfueren, gouf aggressiv an huet missen immobiliséiert ginn. De Mann koum a Passagearrest.

Zwee Fürerschäiner agezunn

Et sollt deen Owend awer net deen eenzege Fall vun Alkohol hannert dem Steier bleiwen. Géint 22.30 Auer gouf zu Ettelbréck ee Camion gemellt, dee matten an der Rue Tschiderer stoung. Wou d'Beamte sech de Camion méi genee ugekuckt hunn, misste si feststellen, datt de Chauffeur ageschlof war. En Alkoholtest ass positiv ausgefall.

Och zu Fëlschdref stoung an der Nuecht kuerz viru Mëtternuecht ee Automobilist matten an der Strooss. De Chauffeur war hannert dem Steier ageschlof. Well en Alkoholtest e Resultat vu méi wéi 1,2 Promill ugewisen huet, huet de Mann misste säi Permis ofginn.

Ëm kuerz virun 3 Auer um fréie Méindegmoie gouf an der Stad eng Persoun kontrolléiert, déi um Boulevard Pierre Dupong am Zickzack gefuer ass. Och hei hat den Automobilist ze déif an d'Glas gekuckt. Ronn eng Stonn méi spéit huet an der Rue d'Ivoix zu Bouneweg eng Fra missten hire Fürerschäin ofginn, nodeems en Alkoholtest e Resultat vu méi wéi 1,2 Promill ugewisen huet.

Ëm 5 Auer um Dënschdeg de Moie gouf een Automobilist op der Héicht vun der Place de la Gare dobäi erwëscht, wéi hien iwwert eng rout Luucht gefuer ass. Beamte sinn dem Mann hannendru gefuer, fir hien op säi geféierlecht Fuerverhalen opmierksam ze maachen. Och hien hat ze vill gedronk.

Zwee Accidenter de Méindegmëtteg

De CGDIS mellt de Méindegmëtteg zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten. Deen éischte Virfall gouf et ëm 15 Auer an der Stad an der Rue du fort Rheinsheim. Zwee Autoe waren do matenee kollidéiert, eng Persoun gouf verletzt. Eng Ambulanz aus Mamer an eng Ekipp aus der Haaptstad ware sur place.

Op der RN05 tëscht Rodange a Péiteng huet et géint 15.30 Auer tëscht zwee Autoe geknuppt. Och hei gouf ee Mënsch blesséiert. Eng Ambulanz aus Suessem an Déifferdeng war op der Plaz, genee wéi eng Rettungsekipp aus Péiteng.