D'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen an eng Aarbecht sichen, louch um 31. August 2021 bei 16.123. Op e Joer gekuckt, ass dat e Minus vun 2.402 Leit.

Mat 24% hu bei dësem Réckgang vum Chômage virun allem Persounen ënner 30 Joer profitéiert, ma awer och d'Altersgrupp tëscht 30-44 erlieft mat engem Minus vu 14,4% eng ganz positiv Entwécklung.

Bei de Persounen, déi eng Aarbecht zu Lëtzebuerg sichen, awer net am Grand-Duché Resident sinn, läit de Réckgang souguer bei 20,6%.

Am Verglach zum Juli 2021 sinn et awer bal 700 Leit manner, déi eng Aarbecht sichen. An engem éischt Schreiwes hat d'Adem hei nach vun enger Hausse geschwat. De Chômagetaux läit domat bei 5,5% - dat ouni déi saisonal-bedéngt Variatiounen.

Suerge mécht, datt d'Hallschent vun alle Leit, déi bei der Adem gemellt sinn, sougenannt Laangzäit-Chômeure sinn, also iwwer e Joer ewell no enger Schaff sichen.

Bei der Adem ginn et dogéint awer fir den Ament iwwer 9.900 fräi Plazen, déi deklaréiert sinn. Dat ass en neie Rekord.

RTL

© Adem

D'Zuel vu Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht waren a vun enger Mesure pour l'emploi betraff waren, klëmmt ëm 455 Leit (11,7%) op 4.338 Persounen. Eng extrem Augmentatioun, nämlech vun iwwer 200%, gëtt et beim sougenannte "Contrat de réinsertion-emploi".

8.629 Persoune krute Chômage, dovunner 8.066 Persounen, déi am Land wunnen. Dat ass op e Joer gekuckt e Minus vun 1.522 Leit (15%).

Chomage am August / Reportage Anne Wolff