D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonnen 151 Neiinfektioune registréiert goufen.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele méi matdeelt.

An de leschten Deeg ass keng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 bei 834.

Bannent de leschten 72 Stonne goufen 3.335 Tester gemaach, dovunner waren der 151 positiv, 2 nei Fäll bei 265 Tester goufen e Sonndeg gemellt, e Freideg 93 an e Samschdeg 56.

Den Ament si 26 Persounen hospitaliséiert, dovunner 9 Patienten op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 1.039 aktiv Infektiounen, 75.467 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze gouf bis ewell 777.221 Impfunge genotzt, 399.589 Leit gëllen als komplett vaccinéiert.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.