Bei enger Kontroll an der Stad konnt eng Persoun mat e puer Dose Bulle Kokain an enger gewësser Zomm Boergeld ermëttelt ginn.

E Méindeg am Nomëtten ass der Police bei der Place de la Constitution e Grupp opgefall, dee sech grad duerch d'Bascht maache wollt. Wéi dëse méi spéit kontrolléiert gouf, haten zwou Persoune keng Pabeieren dobäi.

Fir hir d'Identitéit ze préiwen, misste si mat op de Policebüro. Hei konnte 35 Bulle Kokain an eng gewëss Zomm Boergeld séchergestallt ginn. De Parquet huet eng Saisie vun den Drogen an de Géigestänn ordonéiert. De presuméierten Drogendealer ass festgeholl ginn a kënnt en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.