De belschen Economist huet nach e Mandat bis Enn d'nächst Joer a wäert dëst och komplett erfëllen.

Dëst schreift d’Uni op hirem Internet-Site a berifft sech op de Conseil de Gouvernance.

En Dënschdeg de Moien huet de Stéphane Pallage der Uni matgedeelt, datt hien nom Oflafe vum 5-Jores-Mandat op der Uni.lu zeréck a Kanada wéilt plënneren, wou hien op der Uni zu Montréal enseignéiert hat.

Den aktuelle Rekter géif dëse Schrëtt aus familiäre Grënn maachen, wat de Conseil de Gouvernance och komplett versteet.

De Poste fir vum 1. Januar 2023 un en neie Rekter fir d'Lëtzebuerger Uni ze hunn, wäert deemno geschwënn ausgeschriwwe ginn.

Op der Uni.lu hat de Stéphane Pallage ugangs 2018 d'Successioun vum Rainer Klump iwwerholl, deen an der Suite vun administrativen a budgetären Divergenzen zeréckgetruede war.