Infektiounen trotz Impfunge kommen ëmmer nees vir, bleiwen allerdéngs seelen. RTL huet déi aktuell Zuele fir Lëtzebuerg nogefrot.

Insgesamt hu sech vu ronn 370.000 komplett geimpfte Persounen 1.381 mam Sars-CoV-2 infizéiert.

Et gëtt Ënnerscheeder tëscht de verschiddene Vaccinen, esou infizéiere sech Persounen, déi mat Moderna geimpft goufen, prozentual gesinn am mannsten heefeg. Deen aneren mRNA-Vaccin, deen zu Lëtzebuerg genotzt gëtt, kënnt op en Taux vun 0.32 Prozent. De Vecteur-Impfstoff vun AstraZeneca läit bei 0.42 Prozent, dee vun Johnson&Johnson kënnt op 0.86 Prozent.

D'Reiefolleg vun der Wierksamkeet vun de Vaccinen entsprécht den Daten, déi an anere Länner virleien.

D'Tabell am Iwwerbléck

Vaccin 
komplett geimpft    
Infektiounen     A Prozent
Biontech/Pfizer 248.157 791 0,32
Johnson&Johnson    36.890 316 0,86
AstraZeneca 50.451 212 0,42
Moderna 34.783 62 0,18
       
Total 370.281 1.381 0,37

Source: Gesondheetsministère - Stand: 20.09.2021