Den Aarbechtsminister Dan Kersch huet en Dënschdeg op enger Pressekonferenz direkt e puer intressant Sujeten ugeschwat.

Staatlech Hëllef wärend der Pandemie

De Staat huet zanter dem Ufank vun der Pandemie de Betriber am ganzen 1 Milliard an 164 Milliounen Euro u Chômage partiel bezuelt. Dovunner 394,7 Milliounen Euro Avancen. 769 Milliounen haten d'Betriber reell ze gutt. Déi Chifferen huet den Aarbechtsminister Dan Kersch de Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz genannt. Méi wéi 97% vun den Avancen, déi virgestreckt goufen, si bis elo rembourséiert ginn. De Rescht ass de Staat amgaang anzedreiwen. 734.000 Euro dovunner wäerten net méi ze recuperéiere sinn, sou de Minister, well d'Betriber Faillite gemaach hunn notamment. Den LSAP-Minister huet de Mëttwoch de Moien och kloer eng Warnung rausginn. All Betrib, deen d'Sue vum Chômage partiel net fir d'Paie vu senge Mataarbechter benotzt huet, wäert wéinst Fraude beim Parquet denoncéiert ginn. Bis ewell huet den Travail 5 Bedruchsfäll gemellt. Anerer kéinten nokommen.

CovidCheck an de Betriber kéint kommen

Ugeschwat op de CovidCheck-Regime an de Betriber, deen de Mëttwoch de Moie bei eis op der Antenn nach vum Michel Reckinger vun der UEL gefrot gouf, huet sech den Aarbechtsminister prinzipiell oppe gewisen, de Betriber am neie Covid-Gesetz dës Méiglechkeet ze ginn. Dat ënnert dem Regime vun de Mesuren am Beräich Aarbechtssécherheet ("sécurité santé"). Haaptprioritéit wier awer virun allem, alles drun ze setzen, fir en Impftaux vun op mannst 85% ze erreechen. D'Gewerkschaften hätten en Dënschdeg schonn hir Reserven zum CovidCheck op der Schaff ausgedréckt.

Den Dan Kersch

Geplangte Mobbing-Gesetz gouf virgestallt

Et war am Koalitiounsaccord virgesinn an ass scho méi eng al Fuerderung vun der Mobbing ASBL. E Mëttwoch de Moien huet den Aarbechtsminister Dan Kersch de Gesetzprojet virgestallt, mat deem Salariéë virun Harcèlement moral op der Schaff geschützt solle ginn.

Den Text definéiert eng éischte Kéier, wat ënner Mobbing ze verstoen ass a schreift dem Patron engersäits preventiv Mesurë vir, fir Beleidegungen, Ausgrenzung & Co guer net geschéien ze loossen an anerersäits gëtt d'Prozedur gesetzlech verankert, wéi Mobbing-Fäll traitéiert musse ginn.

Wann de Patron net reagéiert, kann d'Gewerbeinspektioun Amenden ausstellen. De Salarié dierf keen Nodeel hunn, wann e Mobbing denoncéiert, a kritt d'Méiglechkeet, säi Kontrakt eesäiteg ze kënnegen a fir Schuedenersatz unzefroen. No der Presentatioun vum Gesetzprojet seet sech den Dan Kersch oppe fir eng breet gesellschaftlech Diskussioun iwwert d'Thema a verschléisst sech och net méiglechen Amendementer.

Kuerzaarbecht

Schonn um Instanzewee ass e Projet, dee maximal 1.714 Stonne Kuerzaarbecht d’Joer virgesäit, dee vun enger sektorieller Tripartite awer muss decidéiert ginn. D'Derogatioun, fir an der Pandemie iwwer déi gesetzlech Limitt vun 1.022 Deeg pro Joer erauszegoen, leeft Enn dës Joers aus. De proposéierte Gesetzprojet soll eng laangfristeg Léisung bidden. Den Dan Kersch huet insistéiert, Kuerzaarbecht misst ëmmer d’Ausnam bleiwen an huet donieft fir de Secteur vun de Businesshoteller fir d’nächst Joer weider Hëllefsmesurë vum Staat annoncéiert.

No den Iwwerschwemmungen am Juli hunn 159 Betriber Kuerzaarbecht wéinst "cas de force majeur" ugefrot. Bis ewell goufen 266.000 Euro u 76 Betriber iwwerwisen.

Droit à la déconnexion

Och de sougenannten "Droit à la déconnexion" gëtt gesetzlech verankert. D'Recht also fir doheem net mussen ronderëm d'Auer fir säi Patron disponibel ze sinn. Den Aarbechtsminister huet sech fir d'Ausbreeden op den Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot baséiert. Theoretesch, sou den Dan Kersch, wier d'Fro jo iwwert déi normal Aarbechtszäitregel gekläert:

Dan Kersch iwwert den "Droit à la déconnexion"

Dem Dan Kersch no, kéint elo wou d'Sozialpartner sech eens sinn, den "droit à la déconnexion" séier Realitéit ginn.