Den LSAP-Politiker wéilt eisen Informatiounen no no 2023 keng politesch Funktioun méi iwwerhuelen.

Nom Vize-Premier Dan Kersch senger Annonce, datt hien net méi an enger nächster Regierung wäert dobäi sinn, ass et e Mëttwoch eng weider interessant Ausso vun engem LSAP-Minister en vue vum Waltermäin 2023.

Deemno ass de Sozial- an Agrarminister Romain Schneider RTL géintiwwer formell: "Ech presentéiere mech net méi bei den nächste Walen a stinn och no 2023 net méi fir eng politesch Funktioun zur Verfügung."

Op d'Fro, ob de sozialisteschen Nord-Politiker säi Mandat fäerdegmécht, gouf et iwwerdeem keng kloer Äntwert. Dëst géif de Romain Schneider intern mat senger Partei ofklären an dann eng Decisioun huelen.

Den Dan Kersch par contre huet am RTL-Interview jo nach opstoe gelooss, ob hie sech 2023 nach emol wäert bei de Wale fir d'LSAP presentéieren an ob hie säi Minister-Mandat fäerdegmécht.