Fir eis Video-Montage-Ekipp ze verstäerken, siche mir fir direkt ee Freelance Monteur / Monteuse.

Dir hutt Är Studien am audiovisuelle Beräich gemaach oder schonn an deem Beräich geschafft.

Dir sidd passionéiert vun de Montage-Techniken a visuellen Effekter.

Dir sidd interesséiert, Erfarungen am Beräich vun der Televisioun an den neie Medien ze sammelen.

Dir sidd kreativ, stress-resistent a kënnt an enger Ekipp schaffen.

Da schreift eis!

Mailt eis Äre CV mat Foto, Adress an Telefonsnummer, souwéi e Motivatiounsbréif op:

monteur@rtl.lu

Mir freeën eis op Iech!