Zanter dem 13. August hu 5 Mënschen hiert Liewen op de Lëtzebuerger Stroosse gelooss. Eng schwaarz Serie, déi Froen opwërft.

E Mëttwoch den Owend koum et tëscht Féiz a Steebrécken zu engem schroen Accident. De 24 Joer ale Chauffeur hat e Bam ze pake kritt an ass nach op der Plaz gestuerwen. Et war deen drëtten déidlechen Accident an Zäit vun nëmme 5 Deeg. D'Associatioun vun der Sécurité Routière gesäit e puer méiglech Erklärungen.

Sécurité routière/Reportage Anne Wolff

E grousse Problem am Stroosseverkéier ass d'Oflenkung, seet d'Isabelle Medinger, Directrice vun der Sécurité Routière asbl. Séier nach eng SMS liesen oder d'E-Mailen checken. D'Gefor mam Handy géif nach ëmmer ënnerschat. D'Isabelle Medinger begréisst dofir déi méi streng Sanktioune fir den Handy um Steier.

"Wa mir soen, den Alkohol an den Handy sinn d'selwecht geféierlech, da muss et och d'selwecht bestrooft ginn. Wa mir soen, den Handy kascht nëmmen zwee Punkten, dat ass hallef sou wëll, da gi mir e falsche Message eraus. An ech mengen och, wann den Handy bis 4 Punkte kascht, dass sech da vill Leit iwwerleeën, ob se nach weider um Handy spille wärend dem Fueren. Mir verspriechen eis ganz vill vun där Augmentatioun mat de Punkten."

Den neie Gesetzesprojet soll an den nächste Wochen op den Instanzewee goen.

E weidere Risikofacteur ass och déi ze héich Vitess. Zanter dass d'Radaren opgestallt gi sinn, hätt een op de bekannte Risikostrecke vill manner Accidenter. D'Infrastruktur an d'Legislatioun mussen aneneegräifen, sou d'Isabelle Medinger.

"Zemools d'Streckeradaren, déi elo an Zukunft méi wäerten agesat ginn, bréngen natierlech en extreme Sécherheetsplus. De Mënsch kann ee sensibiliséieren bis zu engem gewësse Punkt an duerno muss d'Infrastruktur iwwerhuelen an d'Legislatioun, dat heescht d'Sanktiounen."

D'Joëlle Golinski, d'Presidentin vun der Association Nationale des Victimes de la Route, gesäit eng vun den Ursaache vun der ze héijer Vitess am Stress. Sanktioune wieren deemno net alles, seet si.

"All preventiv Moossnam ass gutt, mee trotzdeem ass nach ëmmer d'Persoun wichteg, déi um Steier sëtzt. Wann ee just lues fiert, well ee mengt, do kéint e Radar sinn, ass dat och verkéiert."

Et misst een och ëmmer säi Fuerstil de Konditiounen upassen. Nieft mënschleche Facteure kënnt dann nach de Facteur Ëmwelt. Ëmmer nees kréie Chauffeure Beem ze paken. Scho laang gëtt diskutéiert, ob d'Beem laanscht d'Stroosse fort mussen. Heiansdo géif et keng aner Méiglechkeet ginn, seet d'Isabelle Medinger.

"Heiansdo muss de Bam ewechgeholl ginn. Et ginn e ganze Koup Beem, wou de Bam schonn hallef futti ass, well der schonn e puer dra gerannt sinn, déi net all gestuerwe sinn. Mee mir kënnen awer net einfach nokucken. Do ginn Efforte gemaach, mee et geet eis natierlech net séier genuch. Et sinn esou vill Leit, déi hiert Liewe loosse widder d'Beem an et kann net sinn, dass d'Konklusioun ass: d'Beem sprangen net an d'Strooss, da sollen d'Leit net esou rennen."

Positiv hätt sech awer den Ëmgang vun den Automobiliste mam Alkohol entwéckelt. No 20 Joer Raoul-Campagne stellt d'Sécurité Routière eng liicht Baisse vu 4% bei Alkohol-bedéngten Accidenter fest.