D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonnen 168 Neiinfektioune registréiert goufen.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele méi matdeelt.

An de leschten Deeg ass keng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 bei 835.

Bannent de leschten 72 Stonne goufe 4.949 Tester gemaach, dovunner waren der 168 positiv, 7 nei Fäll bei 279 Tester goufen e Sonndeg gemellt, e Samschdeg waren et der 75 an e Freideg 86.

Den Ament si 20 Persounen hospitaliséiert, dovunner 8 Patienten op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 1.069 aktiv Infektiounen, 76.026 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze gouf bis ewell 777.221 Impfunge genotzt, 399.589 Leit gëllen als komplett vaccinéiert.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.