An de Wéngerten ass zanter e Méindeg nees eng méi lass. Wou een hikuckt gesäit een nees ganz fläisseg Hänn. Drauwe gi gelies.

Par Rapport zum leschte Joer géifen et dëst Joer quantitativ méi ginn. Och qualitativ kéint een 2021 mat engem gudde Joergang rechnen.

Iwwer de Summer hätt ee vill Aarbecht gehat, fir gesond Wéngerten an domadder och gesond Drauwen ze hunn. Bei Schumachesch gouf ugefaangen, den Auxerrois eranzehuelen. Um Dënschdeg gëtt de Pinot Noir fir de Cremant gepléckt.

Nieft de Privatwënzer sinn och d'Membere vun der Genossenschaft mat der Drauwelies beschäftegt. An de Parzelle vun der Famill Gloden gouf de Rivaner gelies. Allgemeng ass een zefridden.

Och bei der Vinsmoselle geet ee vun engem gudde Joergang aus. Qualitéit ewéi Quantitéit géife stemmen.

Dauer vun der Drauwelies ass op 3 bis 4 Wochen ugesat.